Nidderaanwen ënnerschreift MEGA+ Konventioun

Nidderaanwen ënnerschreift MEGA+ Konventioun

D'Gemeng Nidderaanwen huet mam Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit eng MEGA+ Konventioun ënnerschriwwen, déi gemeinsam Aktivitéite festleet, déi zesumme wäerte realiséiert ginn, fir Gläichstellung, Diversitéit, Respekt a Solidaritéit ze promouvéieren.

Eng Gemeng ass e ganz wichtegen Acteur, fir dës Wäerter op sengem Territoire ëmzesetzen, well keen anert demokratescht Organ ass esou no u senge Biergerinnen a Bierger, a versteet der Bevëlkerung hir Wënsch an hir Besoinen. Esou maachen sech déi positiv Verbesserungen, déi all den Awunner·innen zegutt kommen, och direkt bemierkbar.

Zrèck