Gender Analyse

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Gender Analyse

D'Gemeng ënnerwëft hir Politik, hir Prozeduren, hir Virgehensweis an hir Praktiken enger Gender Analyse, andeems se di Donnéen, déi hir zur Verfügung stinn op d'Geschlecht opdeelt an hiren Impakt op d'Liewe vun hiren Awunnerinnen an Awunner moosst, am Hibléck op deenen hiert Geschlecht.

Ausgangsfroen

  • Iwwert wat fir eng Donnéen zur lokaler Bevëlkerung verfügt d'Gemeng ? Sinn dëss Donnéen op d'Geschlecht opgeschlësselt?
  • Mat wat fir enge Mëttelen kann d'Gemeng fir Demarchen, Prozeduren a Praktiken optimiséieren, am Hibléck op den Gender-Aspekt?

Gutt Beispiller

D'Rapporten an d'Ofstëmmunge vum Gemengerot an aner Verwaltungsdokumenter systematesch ënnert der Perspektiv vun enger Formuléierung, déi béid Geschlechter unerkennt, ënnersichen.

Orientéiert d'Entscheedungsverfaren esou, datt déi verschidde Besoinen vu Fraen a Männer berécksiichtegt ginn, a Saachen Infrastrukturen, Leeschtungen, Produkter a kollektiv Equipementer.

Qualitativ Analysen iwwert déi kommunal Déngschtleeschtunge maachen, am Hibléck op d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

Secherstellen, dass all berodend Gemenge-Kommissiounen d'Dimensioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer mat an hir Aarbechten an Iwwerleeungen abauen.

An de Grondschoulen an an de Maisons Relaisen: D’Didaktescht Material, d’Offer vun (extra-)schouleschen Aktivitéiten an d’Offer u Bicher an der Schoulbibliothéik kontrolléieren, ob dës Geschlechter-sensibel sinn. D’Associatioun Gender4Kids offréiert Formatioune fir edukatiivt Personal an Geschlechter-sensibeler Pedagogik. D’Stad Esch-Uelzecht huet eng gelonge Broschür iwwert dës Thematik realiséiert mam Titel Gender & Diversity4Kids, déi vill gutt Beispiller virstellt, déi an den Escher Maison Relaise realiséiert gi sinn, esou wéi e Guide fir d’Ëmsetzung.

An de Crèchen, Garderien oder Maisons Relaisen: Gemëschte Rou-Raimlechkeete virgesinn, wëll Meedercher a Jonge méi roueg sinn, wann si net getrennt vunenee ginn.

Passt drop op, dass d’Spillsaachen net geschlechtsstereotypesch sinn an encouragéiert Meedercher a Jongen, mat deem ze spillen, wat hinne gefält.

Gender budgeting: Et handelt sech heibäi ëm en effikasst Instrument, fir eventuell Inegalitéiten an de budgetäre Strukture vun enger Gemeng z’erkennen. Éier esou eng Analys kann duerchgefouert ginn, mussen no Geschlecht opgeschlësselt Statistiken entwéckelt ginn, déi et hirersäits erlaben, sämtlech Aktiounsgebitter vun enger Gemeng op hire Grad vu Gläichstellung tëscht Fraen a Männer z’evaluéieren. D’Stad Esch/Uelzecht war déi alleréischt lëtzebuergesch Gemengeverwaltung, déi den Gender budgeting an hir Prozeduren integréiert huet. Op hirer Internetsäit fannen sech vill Explikatiounen iwwert dëst effikasst Instrument a seng praktesch Benotzung. Och an der Belsch huet d’Gemeng Ixelles den Gender budgeting an hiert Fonctionnement afléisse gelooss an en detailléierte Vademecum zu dësem Thema publizéiert.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn