Allgemengt Engagement

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Allgemengt Engagement

D'Gemeng erkennt d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer un an ënnerstëtzt, respektéiert a verbreed se op all Niveau vun hirem Kompetenzberäich.

Ausgangsfroen

Wéi kann een d'Konzept vum « gender mainstreaming » an all den Décisiounen an Aktivitéite vun enger Gemeng abréngen?

Gutt Beispiller

D'Gemeng verflicht sech fir d'Konzept vum « gender mainstreaming » am plangen a bei der Realisatioun vun all sengen Aktivitéiten z'implementéieren. Den Europarot definéiert dest Konzept, wat och nach "Geschlechterdimensioun" genannt gët, folgendermoossen : « D'(Ëm)Organisatioun, d'Verbesserung, d'Evolutioun an d'Evaluatioun vun den Décisiounsprozesser, am Hibléck fir d'Perspektiv vun der Gläichstellung tëscht de Fraen a Männer an alle Beräicher an op allen Niveauen mat anzebauen, vun de Acteuren déi gewéinlech mathëllefen, esou politesch Strukturen mat opzestellen ».

D’Gemengepersonal iwwert d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer forméieren, fir datt si eng gewësse Sensibilitéit opbaue kënnen, fir eventuell Inegalitéiten an hirer Alldagsaarbecht ze detektéieren, déi sech op d’Zougehéiregkeet zu engem Geschlecht bezéien. Eng Gemeng kann och eng intern Charta iwwert d’Egalitéit erausbréngen oder e Guide fir d’Personal verfaassen, den d’Gläichstellung vun de Geschlechter an der Personalgestioun berécksiichtegt. Am Katalog vun de Formatiounen vum Institut national d’Administration publique (INAP) ginn et verschidde Formatiounen iwwert d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

An deenen aneren Ziler vun der europäescher Charta gi gutt Beispiller opgelëscht fir all d'Handlungsberäicher vun enger Gemeng.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn