Geschlechtsspezifesch Gewalt

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Geschlechtsspezifesch Gewalt

D'Gemeng mecht sech aktiv staark am Kampf géint d'geschlechtsspezifesch Gewalt.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mer ënner "geschlechtsspezifesch Gewalt"?
  • Wéi kann een d'Situatioun vu Fraen a Männer aus der Gemeng gewuer ginn, déi ënner haislecher Gewalt leiden?
  • Mat wéienge Partner kann d'Gemeng zesummeschaffen fir d'geschlechtsspezifesch Gewalt op hirem Territoire ze bekämpfen?

Gutt Beispiller

Opféirungen vum Gewalt-Preventiouns Theater organiséiren, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer.

Reservéiert Opféierunge vum sozialen Theater „Artemysia“ an Ärem Schoulgebai oder an Zesummenaarbecht mat anere Schoulen. Et ginn zwou Presentatiounen, adaptéiert entweder fir e Public aus der Grondschoul, oder fir Schülerinnen a Schüler aus dem Lycée. Hei ginn déi Jonk invitéiert, fir sech géint geschlechterbezunne Klischeeën a Rollebiller anzesetzen, fir iwwert sexistescht Verhalen ze diskutéieren a fir déi sexuell, physesch a psychesch Gewalt ze thematiséieren. Fir all Demande, besicht w.e.g. de Site violence.lu oder schreift eis op social@mega.public.lu

Invitéiert d'Personal vun Ärem Office social, fir mat méiglechen Affer vun haislecher Gewalt, déi sech un si adresséieren, den Auto-Evaluatiouns-Questionnaire ze deelen, dee vun der Fondatioun "Maison de la Porte ouverte" erstallt gouf, an Zesummenaarbecht mam Ministère. D'Zil vun dësem Questionnaire ass et, fir ongläich Relatiounen z'erkennen a Risikofacteuren z'identifizéieren, déi den Ausbroch vun haislecher Gewalt an enger Koppel favoriséieren.

Gitt Fraen a Männer, déi Affer vun haislecher Gewalt sinn, Prioritéit bei den abordabele Wunnengen a Nout-Logementer, iwwert déi Är Gemeng verfüügt. Zu dësem Thema huet d’Regioun Île de France e praktesche Guide erausbruecht.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn