D’Roll vum Employeur

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

D’Roll vum Employeur

D'Gemeng integréiert d'Recht op Gläichbehandlung vun de Fraen a Männer an hir Personalpolitik.

Ausgangsfroen

  • Wéi kann d'Gemeng eng intern Analyse maachen an eng Ëmfro iwwert d'Zefriddenheet vun hirem Personal duerchféieren?
  • Wéi eng Partner kéimen a Fro fir ze hëllefen desen "Etat des lieux" ze maachen an d'Aarbechtssituatioun vun de Fonctionnairen a Gemengebeamtinnen a Gemengebeamten ze verbesseren?

Gutt Beispiller

Maacht eng Analys iwwert d'Opdeelung vu Fraen a Männer an Ärer Administratioun an de Servicer vun der Gemeng.

Eng Kader-Konventioun mam Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ënnerschreiwen an da vun enger vum Ministër bezuelten Zefriddenheets-Ëmfro profitéiren.

Lancéiert eng Enquête bei de Memberen vun Ärem Personal, fir d'Vereenbarkeet tëscht hiren Aarbechtszäiten mat hirem Familljeliewen z'ënnersichen a maacht, falls dat méiglech ass, Adaptatiounen (Horaire mobile, Home office, ...).

Bréngt e Guide oder eng intern Charta iwwert d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer fir Äert Personal eraus, fir d'Administratioun an d'Organisatioun vun der Gemeng ze verbesseren, um Beispill vun der Stad Wien, der éisträichescher Haaptstad.

Ënnersicht Är kollektiv Konventiounen ënnert dem Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, besonnesch um Niveau vun de Formatiounen an de Paien.

Encouragéiert d'Representatioun vum ënnerrepresentéierte Geschlecht bei decisive Posten.

Realiséiert spezifesch Aktiounen, fir Fraen a Männer z'encouragéieren, Posten unzehuelen, déi fir hiert Geschlecht atypesch sinn (männlecht sozio-edukatiivt Personal, Ingenieurinnen, Architektinnen, Technikerinnen, ...). Passt op, datt et keng infrastrukturell Obstakele gëtt beim Rekrutement vu Persoune vun deem engen oder deem anere Geschlecht (z. B. getrennte sanitär Anlage fir d'Personal vum Service technique).

Encouragéiert och d'Fraen, fir sech an de Personal-Delegatiounen z'engagéieren.

Bei individuelle Personalgespréicher a bei Formatioune fir Teambuilding ëmmer och den Aspekt vun der Gläichstellung tëscht de Geschlechter mat abauen.

Proposéiert Formatiounen iwwert d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer a responsabiliséiert besonnesch Är Kaderen iwwert dëst Thema.

Sécherstellen, dass intern bekannt gëtt, dass d'Fraen an d'Männer gläichermoosse vum Elterecongé an deem fir familiär Grënn profitéiere kënnen.

Dem Gemengepersonal eng betriblech Crèche zur Verfügung stellen, der hir Ëffnungszäiten un d’Schaffzäite vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter ugepasst sinn. Dëst hëlleft och elengerzéienden Eltere besser, fir op enger Gemeng kënnen ze schaffen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn