Demokratesch Responsabilitéit

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Demokratesch Responsabilitéit

D'Recht op Gläichstellung ass eng fundamental Viraussetzung vun der Demokratie. D'Gemeng verflicht sech, di konkret Ëmsetzung vun dësem Recht ze verbreeden an z'ënnerstëtzen, an dat an all hire Kompetenzberäicher. Den Erfolleg vun enger Gläichstellungspolitik hänkt vill vum existéierende politesche Wëllen of, deen onerlässlech ass, fir eng Durabilitéit vun der Promotioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer um kommunale Plang ass.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mir ënnert "demokratescher Responsabilitéit" am Kontext vun de Gemengen?
  • Wéi kann een di lokal Bevëlkerung um demokratesche Prozess an der Gemeng deelhuele loossen?
  • Wéi kann een d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an dese Prozess mat abannen?
  • Wéi eng Organer kann eng Gemeng sech ginn, fir eng Kontinuitéit vu senger aktiver Politik fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer z’assuréieren?

Gutt Beispiller

Déclaration d’intention vum Buergermeeschter, der Buergermeeschtesch a vum Schäfferot: eng intern "Charte des Valeurs" ausschaffe loossen, déi op Gläichbehandlung an Net-Diskriméirung berouht.

D'Gemeng ernennt eng Persoun als Gläichstellungs-Délégéiert-en um politeschen Niveau, esou wéi och fir d'Verwaltung an dat technescht Personal.

Fir net just d’Kontinuitéit, mä och d’Opportunitéite vun enger aktiver Gläichstellungspolitik z’assuréieren, designéiert all Gemeng e-ng Responsabel-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer. Déi kleng Gemengen, déi just iwwer begrenzte Mëttel verfügen, kënnen eng Kompetenzopdeelung iwwert eng interkommunal Organisatioun aféieren.

De Gemengerot ënnerstëtzt aktiv d’Kreatioun an d’Zesummenaarbecht mat enger berodender Kommissioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

D’Gemeng féiert d’Obligatioun vun enger järlecher Zoustëmmung duerch de Gemengerot vum Joresrapport vum Gläichstellungsservice an, dëst fir d’Thematik vun der Gläichstellung ëmmer op sengem Agenda ze behalen.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn