
Dir sidd schonns ganz aktiv am Veräinsliewen an Ärer Gemeng oder kennt Iech gutt aus, wat d’Wënsch an d’Besoinen vu Jonk a manner Jonk uginn, deenen Dir bei der Begleedung vun Ärem Kand an a ronderëmt d’Schoul begéint?
Wann Dir mam Gedanke spillt, Iech och an Ärer Gemeng politesch z’engagéieren, a selwer eppes zugonschte vun allen Awunnerinnen an Awunner ze bewierken, da kuckt Iech dës Témoignage vu Fraen un, déi dëse Sprong gewot hunn. Wann Dir zécke sollt, ob Dir Iech dat zoutraue sollt, oder ob dëst zäitlech an Ärem Liewen machbar ass, da kuckt Iech dës Témoignagen un.
Si liwweren Iech net nëmmen Informatiounen aus éischter Hand iwwert den Alldag als Gemengepolitikerin, duerch hir Äntwerten op Froen ewéi
- Wat huet Iech motivéiert fir an d’Gemengepolitik ze goen?
- Wat fir Erfarunge maacht Dir am gemengepoliteschen Alldag?
- Wat fir eng Satisfaktioun zitt Dir aus Ärer politescher Aarbecht?
mä och Informatiounen zu méigleche Froen, déi Dir Iech stellt, wann Dir Iech fir déi kommend Gemengewahlen wéilt opstellen:
- Kann ech mir zoutrauen, politesch Verantwortung a menger Gemeng z’iwwerhuelen?
- Verstinn ech all d’Démarchen, déi néideg sinn, fir Entscheedungen zugonschte vu der Bevëlkerung a menger Gemeng ze treffen?
- Ass e Mandat als Gemgenpolitikerin wierklech kompatibel mat mengem Beruff an/oder menge Verpflichtungen doheem an der Famill?
- Wéi fonctionéiert iwwerhaapt eng Gemeng a wéi ginn d’Entscheedunge geholl?
All dës Video-Témoignagen vu Fraen, déi aktuell aktiv an der Gemengepolitik, sief et als Gemengeréitin, als Schäffin oder als Buergermeeschtesch sinn, liwweren Iech wäertvoll Informatiounen iwwert d’Ausübung vun engem politesche Mandat an Ärer Gemeng an hir Roll am Dingscht vun alle Biergerinnen a Bierger um lokale Plang.