Eng Formatioun fir d'Membere vun der Gläichstellungskommissioun

Eng Formatioun fir d'Membere vun der Gläichstellungskommissioun

Fir de MEGA bedeit Geschlechtergerechtegkeet och Formatioun a Sensibiliséierung am Alldag an doriwwer eraus. Eis Mataarbechter hu ganz an dem Esprit zu Rolleng bei Miersch eng Formatioun gehale fir Memberen aus de Chancëgläichheetskommissioune bei den Uelzechtdall Gemengen, dorënner Walfer, Miersch a Lëntgen.

Ee grousse Merci un d’Corinne Weis, Presidentin vun der Chancëgläichheetskommissioun vu Miersch, fir dës flott a wichteg Initiative!

Wann Dir als Egalitéitskommissioun och interesséiert sidd, fir Äre Memberen esou eng Formatioun unzebidden, da kënnt Dir gären de MEGA kontaktéieren. Generell wär et ëmmer gutt, wann an dësem Fall d’Kommissiounen aus de Nopeschgemenge mat kontaktéiert géife ginn, fir esou eng flott Unzuel u Persounen ze fannen, déi d’Formatioun kënne matmaachen.

Dëst bitt och eng gutt Geleeënheet fir en Austausch iwwert d’Méiglechkeete vun der Zesummenaarbecht, déi de Ministère mat Ärer Gemeng kann agoen, fir eng aktiv Egalitéitspolitik um lokale Plang z’ënnerstëtzen an d’Gläichstellung an alle Gebitter ëmzesetzen, déi ënnert den Aufgabeberäich vun enger Gemeng falen. D’Bevëlkerung ass heibäi ëmmer den direkte Beneficiaire vun esou Aktivitéiten.


Pour le MEGA, l‘égalité des genres signifie également formation et sensibilisation au quotidien et bien au-delà. Dans cet esprit, nos agents ont tenu une formation à Rollingen, près de Mersch, pour les membres des commissions à l’égalité des chances des communes de la vallée de l’Alzette, dont Walferdange, Mersch et Lintgen.

Un très grand Merci à Madame Corinne Weis, présidente de la commission à l’égalité des chances de Mersch, pour cette belle et importante initiative !

Si vous, en tant que commission à l’égalité, êtes intéressée par l’offerte d’une telle formation, veuillez vous adresser au ministère. Dans ce cas, il serait en principe toujours bien de contacter les commissions des communes limitrophes, en vue de rassembler un nombre convenable de participant-e-s qui voudraient suivre la formation.

Ceci offre aussi une belle occasion pour un échange sur les possibilités de collaboration entre le ministère et votre commune, en vue d’instaurer une politique à l’égalité active sur le plan communal, promouvant l’égalité des genres dans tous les domaines d’activité communaux. La population en est toujours le bénéficiaire en première ligne.

RETOUR