D’Charte fir d’Diversitéit

D’Charte fir d’Diversitéit

Kennt Dir d’Charte fir d’Diversitéit Lëtzebuerg ?

D’Charte fir d’Diversitéit Lëtzebuerg ass en Text vun nationalem Engagement, deen all Entreprise oder Administratioun kann ënnerschreiwen, déi sech wëllt engagéieren, fir an der Promotioun an an der Gestioun vun der Diversitéit ze agéieren, an dëst mat konkreten Aktiounen, déi iwwert déi gesetzlech Obligatiounen eraus ginn.

Mat senge sechs Artikele guidéiert d’Charte Entreprisen an Administratiounen an der Ëmsetzung vu Praktiken, déi déi sozial Kohäsioun an d’Equitéit fërderen, an dëst iwwer Networking, Workshoppen a Konferenzen, wourunner dat ganzt Personal an d’Partenairen deelhuelen. Als néngt Charte an der Europäescher Unioun ass si och Deel vum europäesche Reseau vun de Charte fir d’Diversitéit, dee vun der Generaldirektioun vun der Justiz an der Europäescher Kommissioun geleet gëtt.

D’Erausfuerderung bei enger Diversitéitspolitik besteet doran, datt jiddereen-t iwwert Aarbechts- a Karriärméiglechkeete verfüügt, déi senge Kompetenzen an Ustriewungen entspriechen, am Respekt an ënner Berécksiichtegung vu sengen/hiren individuelle Charakteristike wéi Geschlecht, Rass, Alter, ethnesch a sozial Originnen, Nationalitéit, Handicap, Sprooch, Relioun an Iwwerzeegungen, politesch Meenungen, sexuell Orientéierung, Geschlechteridentitéit, Familljesituatioun, Gebräicher a villes méi.

D’Konzept vun der Gestioun vun der Diversitéit berout op der Iddi, datt d’Unerkennung vun der Pluralitéit vun de mënschleche Profiller an enger Entreprise oder Administratioun zu hirem ekonomeschen a soziale Succès bäidréit, wann d’Diversitéit gewëssenhaft an hir Strategie a Managerpraktiken integréiert gëtt. Entreprisen oder Administratioune sinn deemno invitéiert, fir nei Modusse vun hirem Fonctionement ze fannen, déi méi konform si mat der Diversitéit vun hirem Personal, hirer Clientèle oder hiren Notzer/-innen. Konkret bedeit dëst, datt Kompetenzen unerkannt ginn, déi ënnerschiddlech Liewenserfarunge valoriséiert ginn, d’Bündele vu Wëssen an d’Offenheet fir nei Quelle vun Talenter.

Gëtt d‘Diversitéit vum Personal ignoréiert oder net geréiert, enthält se net just der Entreprise der der Administratioun en ekonomeschen a soziale Virdeel, mä kann och zu Mëssstänn féieren, eng Verschlechterung vum soziale Klima bewierken an erhieflech Repercussiounen op d’Produktivitéit an den Image vun der Entreprise oder Administratioun mat sech bréngen.

An dësem Kontext representéiert d’Charte fir d‘Diversitéit e staarkt Signal, esouwuel no banne wéi no bausse vun enger Entreprise oder Administratioun, vum Engagement vun der Beruffswelt hin zur Akzeptanz a Valoriséierung vun den Ënnerscheeder.

Charte fir d’Diversitéit Lëscht vun de Signatairen

Säit 2012 ënnerstëtzt d’Charte vun der Diversitéit Lëtzebuerg seng Signatairen an hirem Engagement duerch e Reseau vu Gläichgesënnten.