Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Reseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Reseau vun de Gläichstellungsdelegéiert/en an de Gemengen ëmfaasst all Gemengenaarbechter a -Beamten, déi mat den Aufgabe betraut sinn, déi am groussherzogleche Reglement vum 11. September 2006 festgeluecht sinn, an déi d’Nomminatiounsprozedur esou wéi d’Rechter an d’Flichte vun de Gläichstellungsdelegéierten an de Gemengen, de Gemengesyndikater an an den ëffentlechen Ariichtungen, déi ënner Gemengenopsiicht stinn, festleet.

D’Funktioun vun der/vum Gläichstellungsdelegéierter/en gouf an den Allgemenge Statut vun de Gemengebeamten am Artikel 43bis opgeholl.

D’Gläichstellungsdelegéiert hunn eng Schlësselfunktioun, déi am Nationalen Aktiounsplang vun der Lëtzebuerger Regierung fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer (2018-2023) festgeluecht ass (Kapitel V).

De Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer luedt d’Delegéierte vun de Gemengen reegelméisseg op Treffen an, fir sech auszetauschen an ze beroden.

Règlement grand-ducal vum 11. September 2006

Allgemenge Statut vun de Gemengebeamten

Nationalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer