
Mir belounen Är Efforten
E Präis fir déi bescht Beispiller aus de Gemengen
Mat dësem neien Gemengepräis hieft de Ministère déi Gemengen ervir, déi hir Bereetschaft gewisen hunn, sech fir e bessert Zesummeliewe vu Fraen a Männer an hirer Gemeng am Laf vum Joer anzesetzen.
D’Lëscht vun de Gewënner
D’Gewënnergemengen verflichte sech, d'Situatioun vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer an hirer Gemeng ze verbesseren an dësen Usaz an hir zukünfteg politesch Iwwerleeungen mat anzebezéien.
Den Engagement vun de Gemenge Stengefort, Clierf a Mäertert fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer gouf am Joer 2020 gewierdegt. D’Ministesch fir d‘Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, d’Madamm Taina Bofferding, huet hinnen e Präis iwwereecht, deen zu weidere bewäärte Methode fir d’Gläichstellung op lokalem Niveau ureege wärt.
Mat dësem Encouragementspräis mécht d‘Ministesch de Wee fräi fir d’Vergi vun engem kommunale Präis fir déi bescht Gläichstellungspraktiken, deen all Joer un déi verdéngend Gemengen iwwerreecht gi soll.
Sou huet, am Joer 2021, d'Gemeng Mamer sech besonnesch ervirgedinn mat all hire Bestriewungen a Mesuren, déi d'Wichtegkeet vun der Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer op hirem Territoire ënnerstrach hunn a si gouf duerfier mam Gemenge-Präis fir d'Joer 2021 belount.
Fir d'Joer 2022 geet de Gemenge-Präis un eng ganz Reih vu Gemengen, déi am Laf vum Joer d'Initiative ergraff hunn, fir bei sech den Asaz zugonschte vun der Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer ze verstäerken, andeems se mam Ministère eng Conventioun ënnerschriwwen hunn, déi d'Zesummenaarbecht tëscht deenen Instanzen an dëser Thematik iwwer e puer Joer ewech soll festegen.
Kuckt Iech d'Videoen vun de Gewënner vum Gemenge-Präis hei un.
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX DE LA MEILLEURE PRATIQUE COMMUNALE
PRIX D'ENCOURAGEMENT
PRIX D'ENCOURAGEMENT
PRIX D'ENCOURAGEMENT