Kommunal Organer an Instrumenter fir d’Egalitéit

Kommunal Organer an Instrumenter fir d’Egalitéit

De Schäfferot an de Gemengerot representéieren den exekutiven, respektiv de legislative Pouvoir um lokale Plang. Esou huet déi lokal Politik en direkten Afloss op d’Liewe vun den Awunner/innen. Op kengem aneren Niveau vun ëffentlechem Pouvoir, dee vu gewielte Vertrieder/innen ausgeüübt gëtt, si politesch Fortschrëtter esou séier an effikass moossbar wéi an der Relatioun vun enger Gemeng mat hiren Awunner/innen.

Dofir ass d’Gemeng en essentiellen Acteur, fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer am Alldag ze verstäerken. Et ass an der Gemeng, wou Fraen a Männer, Meedercher a Jonge liewen, wou si sech am lokalen Associatiounsliewen engagéieren, an ënnert sech, mat dem Gemengepersonal a mat de politesche Responsabelen interagéieren. Dës si ganz no bei de Bierger/innen a kënnen dofir am beschten d’Besoine vun der lokaler Bevëlkerung identifizéieren.

Duerch d’Promouvéiere vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer läit et an den Hänn vun der Gemeng, fir aus sengem Territoire eng Plaz ze maachen, wou Fraen a Männer, Meedercher a Jongen, gläichwäerteg behandelt ginn.

An hirer Promotioun fir d’Egalitéit ass eng Gemeng nimools ganz eleng, mä kann sech ëmmer Organer an Instrumenter ginn, déi si an hiren Efforten ënnerstëtzen. De Schema hei ënnendrënner illustréiert a vereinfachter Form d’Interaktiounen tëscht deene verschiddenen Organer. En erlaabt et der Ëffentlechkeet engersäits, d’Erausfuerderunge vun enger aktiver lokaler Egalitéitspolitik besser ze verstoen, an anerersäits d’Mëttele vun der Bedeelegung als eenzel Persoun z’illustréieren.

Egalite commune cadre DECIDEURS EUSES

DECIDEUREN/EUSEN

Déi politesch Responsabel gi vun der Bevëlkerung gewielt, fir d’Zesummeliewen an der Gemeng ze verbesseren. Si diskutéieren, decidéieren a stëmmen of iwwert d’Bereetstelle vun de Servicer fir de Public an de Gemengen-Infrastrukturen, a si gläichzäiteg responsabel fir d’Wuelbefanne vum Gemenge-Personal. Hir Entscheedunge mussen ëmmer zugonschte vun der ganzer Populatioun an der Gemeng sinn.

Egalite commune cadre EXECUTANT E S

EXECUTANTEN

D’Mataarbechter/innen aus der Gemenge-Verwaltung an aus den technesche Servicer sinn „d’Executanten“ vun den Entscheedungen, déi vun de politesche Responsabele getraff ginn. Nieft der Offer vu Servicer, déi vum Gemenge-Personal zugonschte vun der Bevëlkerung offréiert ginn, gehéiert et och zu hiren Aufgaben, fir Aktivitéiten zugonschte vun der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze realiséieren, déi vun de politesche Responsabelen entscheet ginn.

Egalite commune cadre BENEFICIAIRES

BENEFICIAIREN

D’Bierger/inne sti fir d’Politiker/innen am Mëttelpunkt. Zu hire Gonschte ginn all d’Initiativen, Moossnamen an Entscheedunge vun de politesche Responsabele getraff. An dobäi, well um Niveau vun enger Gemeng d’Executanten an d’Bierger/innen esou no beienee leien, profitéiert d’Populatioun direkt vun all Fortschrëtt, dee fir d’Verbesserung vun de Liewensbedingungen um Territoire vun der Gemeng realiséiert gëtt.

Egalite commune cadre MULTIPLICATEURS

MULTIPLICATEUREN

Multiplicateure sinn onentbierlech Acteure fir d’Wuelbefanne vun der Populatioun ze verbesseren: Si ënnerstëtzen déi politesch Responsabel an der Ëmsetzung vun hiren Initiativen, an droen doduerch besonnesch och zur Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, tëscht Meedercher a Jongen, déi an der Gemeng wunnen, bäi.

Egalite commune cadre ACTEURS TRICES

ACTRICEN / ACTEUREN

Dëst sinn d’Organer, déi eng Gemeng sech ka ginn, fir d’Efforten an der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht de Geschlechter virun ze bréngen. Ouni si wär eng effikass Ëmsetzung vun enger aktiver Egalitéitspolitik um kommunalen Niveau kaum méiglech. Et ass just hir Hëllef, déi den Erfolleg an d’Durabilitéit vun alle Moossnamen an Initiative garantéiert, déi an dësem Beräich ëmgesat ginn.

Egalite commune cadre OUTILS

SCHAFFGESCHIER

D’Schaffgeschier ass geneesou wichteg fir déi politesch Responsabel, wéi fir d’Actricen/Acteuren, déi an der Gläichstellung vun de Geschlechter schaffen. Si garantéieren d’Nohaltegkeet vun de Moossnamen, déi ëmgesat ginn, liwweren d’Mëttele fir Monitoring an Evaluatioun an definéieren de Niveau vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Gläichstellungsministère, deen de Gemengen ëmmer zur Säit steet, fir hinne bei der Ëmsetzung vun hiren Demarchen ze hëllefen.