Dem Ministère seng Projeten
Wëllt Dir méi gewuer ginn iwwert di aner Handlungsberäicher vum Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ?
Nieft dem Austausch mat de Gemengen agéiert de Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an alle Beräicher vum ëffentleche Liewen. Sief et um Niveau vun der Ekonomie oder an der Zivil-Gesellschaft, d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer muss an alle Beräicher virugedriwwe ginn fir eng dauerhaft an effikass Besserung vun der Situatioun kënnen z'erméiglechen.
De Ministère besteet aus 4 verschiddenen Departementer, déi d'Gläichstellung am ëffentlechen a gesellschaftleche Liewe verbessere sollen :
Educatioun
D'Gläichstellung fir déi Jonk, souwuel an der Schoul wéi och an der Gesellschaft
mega.public.lu - Education
rockmega.lu
Aarbecht
D'Gläichstellung am Beräich vun der Aarbecht an der Ekonomie
mega.public.lu - Travail
actionspositives
Gesellschaft
D'Gläichstellung am Privatliewen, de Kampf géint d'haislech Gewalt an d'Ofschafe vu geschlechter-bezunne Stereotypen an der Zivilgesellschaft
mega.public.lu - Socièté
violence.lu
Gemengen
D'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op lokalem Plang, am ëffentleche Liewen am Alldag
mega.public.lu - Communes
megacommunes