Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
Geschlechtsspezifesch Gewalt
D'Gemeng mécht sech aktiv staark am Kampf géint d'geschlechtsspezifesch Gewalt.
Ausgangsfroen
- Wat versti mer ënner "geschlechtsspezifesch Gewalt"?
- Wéi kann een d'Situatioun vu Fraen a Männer aus der Gemeng gewuer ginn, déi ënner haislecher Gewalt leiden?
- Mat wat fir Partnere kann d'Gemeng zesummeschaffen fir d'geschlechtsspezifesch Gewalt op hirem Territoire ze bekämpfen?
Gutt Beispiller
Opféirungen vum Gewalt-Preventiouns Theater organiséiren, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Gläichstellung vun de Geschlechter an der Diversitéit.
Invitéiert d'Personal vun Ärem Office social, fir mat méiglechen Affer vun haislecher Gewalt, déi sech un si adresséieren, den Auto-Evaluatiouns-Questionnaire ze deelen, dee vun der Fondatioun "Maison de la Porte ouverte" erstallt gouf, an Zesummenaarbecht mam Ministère. D'Zil vun dësem Questionnaire ass et, fir ongläich Relatiounen z'erkennen a Risikofacteuren z'identifizéieren, déi den Ausbroch vun haislecher Gewalt an enger Koppel favoriséieren.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.