Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
Ëmwelt
D'Gemeng integréiert d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an hir Ëmweltpolitik.
Ausgangsfroen
- Wéi déclinéiert sech d'Ëmweltthematik am Kontext vun der Gemeng?
- Wat kann den Impakt op d'Lokalbevëlkerung sinn a wéi moosst een deen?
Gutt Beispiller
Déi verschidden Aspekter vun der Implementatioun vum Klima-Bündnis am Hibléck op d'Geschlecht ënnersichen.
Ëmfroe lancéieren iwwert d'Konsum- a Mobilitéitsgewunnégten vun den Awunnerinnen an Awunner, am Hibléck op d'Ëmwelt an opgeschlësselt op d'Geschlecht.
Berécksiichtegt déi individuell Situatioun vun den Awunnerinnen an Awunner (z.B. en elengerzéiende Stot) bei der eventueller Vergab vu Subsiden, a steigert esou d'Bereetschaft an d'Méiglechkeet, fir un der Klimapolitik matzeschaffen.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.