
Nationale Reseau vun de Chargé-e-s de mission fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer
Grënnung a Missioune vum REga
Den 11. Mee 2004 gouf de nationale Reseau vun de Chargé-e-s de mission fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer gegrënnt, op Initiative vun de Responsabele vun de Gläichstellungsservicer aus de Gemengen. Dës Persoune sinn alleguer Membere vum Reseau, geméiss dem Critère fir deelzehuelen, deen doranner besteet, datt een en Aarbechtskontrakt an engem kommunale Service fir d’Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet.
Dës professionell Gruppéierung, déi onofhängeg a politesch neutral ass, verfollegt d’Zil, wéi säin Numm et scho seet, fir den Austausch ze fërderen iwwert d’Identitéit a professionell Praxis vu senge Memberen. Dëst betrëfft e reegelméissegen Austausch vun de Memberen iwwert d’Konditiounen op der Aarbecht, inhaltlech, Moossname fir d’Ëmsetzung, esou wéi Techniken a Methoden, déi heifir benotzt ginn.
Den nationale Reseau vun de Chargé-e-s de mission fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer profitéiert vun enger Zesummenaarbecht mam Nationale Fraerot vu Lëtzebuerg.
Fannt d’Definitioun vum REga um Site vum CNFL:









Claudia Heinz
Esch/Uelzecht

Claude Pereira
Esch/Uelzecht

Andreja Wirtz
Esch/Uelzecht







