Campagne "Egalitéit liewen !"
Fir méi Partizipatioun vu Fraen an der Gemengepolitik an e besseren Equiliber tëscht Fraen a Männer an de kënftege Gemengeréit.
Den 11. Juni 2023 wielt eist Land nees déi Fraen a Männer, déi an de Gemenge Verantwortung iwwerhuelen, fir um lokale Plang fir e bessert Zesummeliewen a méi Liewensqualitéit ze suergen.
Néierens anescht wéi an de Gemenge sinn d’Politikerinnen a Politiker esou no un de Wënsch an un de Besoine vun de Biergerinnen a Bierger.
Eng politesch Vertriedung ass am Beschten opgestallt, wann si aus engem gudde Mix vu Fraen a Männer aus allen Alterskategorië besteet. Dofir setzt sech och de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an.
An deem Kontext lancéiert eise Ministère eng Campagne fir d’Gemengewahle vun 2023, déi op 3 grousse Pilierë besteet:
Wéi erliewe Fraen, déi elo schonns aktiv an der Gemengepolitik sinn, hiren Alldag als Lokalpolitikerin? Loosst Iech motivéieren duerch hir Témoignagen, déi Iech vill Äntwerten op Är eventuell Froen iwwert e méiglecht Mandat an Ärer Gemeng liwweren.
Weiderliesen
Wéi rekrutéieren ech als Partei-Sektioun nei Perséinlechkeeten, déi sech an der Lokalpolitik verwierkleche kéinten? Wéi motivéieren ech an enger Majorz-Gemeng nei Leit, déi sech an den Déngscht vu de Biergerinnen a Bierger wéilte stellen?
Weiderliesen
Hei fannt Dir Informatiounen, wéi d’Gemengen aktuell – virun de Wahlen vun 2023 opgestallt sinn.
Weiderliesen