Kommunalen Aktiounsplang
Hutt Dir wëlles, e lokale Gläichstellungsaktiounsplang an Ärer Gemeng auszeschaffen?
Onofhängeg dovun, ob eng Gemeng déi Europäesch Charta ënnerschriwwen huet oder net, féiert eng aktiv Politik fir d‘Promotioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter ëmmer zum Ausschaffe vun engem kommunale Gläichstellungsaktiounsplang.
Doranner ginn d’Prioritéite vun der Gemeng an engem bestëmmten Zäitraum, déi geplangten Aktivitéite fir d’Erreeche vun de gewënschte Resultater, déi bedeelegt personell a finanziell Ressourcen, esou wéi d’Aart a Weis vun der Evaluéierungsmethodik festgeluecht.
Grondsätzlech spigelt sech de Contenu vun engem kommunale Gläichstellungsaktiounsplang an de lokale Prioritéiten erëm, déi am Virfeld duerch Ëmfroen an Analyse vun den Awunner a vum Gemengepersonal an Zesummenaarbecht mat lokale Verbänn an anere Partner vun der Gemeng ermëttelt goufen.
Rotschléi a Recommandatioune fannt Dir um Portail vum Ministère, an ënnert dem Link hei drënner.