
Kommunalen Aktiounsplang
Hutt Dir wëlles, e lokale Gläichstellungsaktiounsplang an Ärer Gemeng auszeschaffen?
Onofhängeg dovun, ob eng Gemeng déi Europäesch Charta ënnerschriwwen huet oder net, féiert eng aktiv Politik fir d‘Promotioun vun der Gläichstellung vu Fraen a Männer ëmmer zum Ausschaffe vun engem kommunale Gläichstellungsaktiounsplang.
Doranner ginn d’Prioritéite vun der Gemeng an engem bestëmmten Zäitraum, déi geplangten Aktivitéite fir d’Erreeche vun de gewënschte Resultater, déi bedeelegt personell a finanziell Ressourcen, esou wéi d’Aart a Weis vun der Evaluéierungsmethodik festgeluecht.
Grondsätzlech spigelt sech de Contenu vun engem kommunale Gläichstellungsaktiounsplang an de lokale Prioritéiten erëm, déi am Virfeld duerch Ëmfroen an Analyse vun den Awunner a vum Gemengepersonal an Zesummenaarbecht mat lokale Verbänn an anere Partner vun der Gemeng ermëttelt goufen.
Rotschléi a Recommandatioune fannt Dir um Portail vum Ministère, an ënnert dem Link hei drënner.