Nationalen Aktiounsplang

Nationalen Aktiounsplang

Kennt Dir déi 109 spezifesch Aktiounen, déi de Ministère a sengem Aktiounsplang zur Promotioun vun der Gläichstellung an alle Liewensberäicher opgeholl huet?

Den Aktiounsplang fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer ass d’Feuille de route vum Ministère mat geziilte Moossnamen an Aktioune fir d‘Promotioun vun der Gläichstellung, ënner Berécksiichtegung vun alle Prioritéiten, souwéi anere Gläichstellungsfroen. Op Basis vun der Evaluatioun vum viregten Aktiounsplang an enger Berécksiichtegung vun der Komplementaritéit mat deenen zwee aneren Aktiounspläng vum Ministère, nämlech dem nationalen Aktiounsplang géint déi geschlechterbaséiert Gewalt an dem nationalen Aktiounsplang LGBTIQ+, sinn d’Prioritéiten nei zentréiert ginn, fir all d’Moossname ronderëm dräi prioritär Achsen ze regruppéieren, wat eng méi strukturéiert a strategesch Approche erlaabt.

Déi dräi Prioritéiten deklinéieren sech a sechs Objektiver:

  • Verstäerke vun der Sensibiliséierung, der Informatioun an der Kommunikatioun a Saachen Egalitéit tëscht de Geschlechter an Diversitéit
  • Bekämpfe vu geschlechterbaséierende Stereotyppen a Sexismus
  • Hale vu Formatiounen iwwert d’Gläichstellung tëscht de Geschlechter an d’Diversitéit a Schafe vun engem standardiséierte Kader fir dës Formatiounen
  • Schafe vun engem inklusiven an equilibréierten Ëmfeld duerch eng besser Vertriedung vum ënnerrepresentéierte Geschlecht
  • Liwwere vu prezisen a pertinenten Donnéeën, déi hëllefen, méi fundéiert Decisiounen a Saache Gläichstellung ze treffen
  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Initiativen, déi d’Gläichstellung promouvéieren, duerch d’Bereetstelle vu Ressourcen an d’Anhale vun engem adequate legislative Kader

Ënner de 6 Objektiver vum Ministère, déi a 55 Moossnamen an 109 konkret Aktiounen ënnerdeelt sinn, fannt Dir och d’Ziler fir d’Promotioun vun der Gläichstellung op lokalem Niveau.

NATIONALEN AKTIOUNSPLANG