Consultativ Kommissioun fir d’Gläichstellung

Déi consultativ Kommissioun fir d’Gläichstellung, déi sech aus interesséierte Bierger/innen aus der Gemeng zesummesetzt, ass e wichtegt Instrument fir eng egalitär Communautéit unzestriewen. Dës promouvéiert net just d’Anhale vun der Egalitéit an alle Beräicher vun der Gemengepolitik a gëtt Avisen zu de geplangte Projete vum Gemengerot eraus, mä hëlt och selwer Initiativen an der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer a manifestéiert sech an der Ëffentlechkeet. Si kann och en Aktiounsplang fir d’Gemeng proposéieren.

Zréck