Delegéiert/en fir d’Gläichstellung beim Personal

An all Gemeng muss de Schäfferot en/g Delegéiert/en fir d’Egalitéit beim Personal nominéieren. Dës Funktioun ass ganz wichteg, fir de Membere vum Personal hiert Wuelbefannen op der Aarbecht ze garantéieren. En/g Delegéiert/en kann Analyse maachen a Recommandatiounen un de Schäfferot ginn, notamment iwwer Theme wéi Congé Parental, den Zougang zu Formatiounen oder Poste mat Responsabilitéit, oder och nach d’Vereenbarkeet vu Privat- a Beruffsliewen. Des weideren ass den/d’Delegéiert/en de Kontakt fir all Persoun, déi sech vun engem oder méi Kolleegen oder Kolleeginnen diskriminéiert oder harceléiert fillen. D’Delegéiert fir d’Gläichstellung beim Personal sinn an engem nationale Reseau regruppéiert, dee vum MEGA geréiert gëtt. Et existéiert och eng spezifesch Formatioun iwwert d’Rechter an d’Aufgabe vun enge-m-r Delegéiert-en-er.

Zréck