Politesch/en Delegéiert/en fir d’Egalitéit

Bannent dem Schäfferot wielen d’Memberen am Prinzip en/g politesch/en Delegéiert/en fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer. Seng/hir Funktioun ass et, fir „de Brëll vun der Gläichstellung ze droen“, dat heescht bei all Ofstëmmung vun engem Gemengen-Reglement, engem offréierte Service fir d’Bevëlkerung oder enger Entscheedung iwwert d‘Personalgestioun dorop opzepassen, datt
dës nei Entscheedung gläichermoosse fir Fraen a fir Männer vu Virdeel ass. Bannent dem Schäfferot ass den/d’Delegéiert/en och de politesche Kontakt fir d’Membere vun der consultativer Kommissioun fir d’Gläichstellung vun de Geschlechter. Des weideren, an deene Gemengen, déi een hunn, collaboréiert den/d’Delegéiert/en mam Gläichstellungsservice, respektiv mat der/dem Chargé/e fir d’Egalitéit. Och wann eng Gemeng gesetzlech net dozou verflicht ass, en/g Delegéiert fir d’Egalitéit vun de Geschlechter ze nominéieren, esou hunn dach déi meescht Gemengen en/g politesch Responsabel/en mat dëser Funktioun.

Zréck