Service fir d’Egalitéit

Besat mat engem/er oder méi Chargé-e-en fir d’Egalitéit, steet dëse Service direkt ënnert der Surveillance vum Schäfferot. Ënnert sengen Aufgabe fënnt een d’Op– stelle vun engem lokalen Aktiounsplang fir d’Egalitéit, de Suivi vun de Projeten an Aktivitéiten, déi dorausser ervir ginn, d’Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung, den Austausch mat anere Gemengen-Servicer, esou wéi eng Berodung fir d’Personal an d’Populatioun a Saache Gläichstellung. Dobäi ass dëse Service och nach e wichtegt Berodungsorgan fir déi politesch Responsabel.

Zréck