Bierger/innen

D’Bierger/inne sti fir d’Politiker/innen am Mëttelpunkt. Esou huet d’Gemengepolitik en direkten Afloss op d’Liewensqualitéit vun hiren Awunner/innen. Op kengem aneren Niveau vun der demokratescher Responsabilitéit si Fortschrëtter esou séier miessbar an esou effikass wéi an der Relatioun vun enger Gemeng mat hirer Bevëlkerung. Vum Respekt vun der Geschlechterdimensioun bei sämtlechen Decisioune vun de Gemenge-Responsabele profitéieren direkt all d’Membere vun der lokaler Communautéit.

Et ass an der Gemeng wou d’Fraen an d’Männer, d’Meedercher an d’Jonge liewen, sech an de lokale Clibb an Associatiounen engagéieren, interagéieren ënnerteneen, mam Personal vun der Gemeng an hire politesche Responsabelen. Dës si ganz no bei den Awunner/innen et kënnen deemno d’Besoine vun der lokaler Bevëlkerung am Beschten identifizéieren.

Zréck