Buergermeeschter/tesch, Schäffinnen a Schäffen

De Schäfferot ass dat exekutiivt an administratiivt Organ vun der lokaler Politik. Als „Regierung um lokale Plang“ si seng Memberen am beschte placéiert, fir eng aktiv Politik fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze bedreiwen. A senger Funktioun muss de Schäfferot dofir suergen, datt all déi kommunal Servicer, déi der Bevëlkerung offréiert ginn, gläichermoossen accessibel a vu Virdeel fir all Bierger/ in aus der Gemeng sinn, onofhängeg vun hire Liewenssituatiounen. Ausserdeem muss de Schäfferot, a senger Funktioun als Superieur vun den Agent/innen, déi vun der Gemeng agestallt sinn, dofir suergen, datt all Member vum Gemengepersonal an engem favorabelen Ëmfeld schafft an déi selwecht berufflech Chancen erhält. De Schäfferot stellt d’Salariéë vun der Gemeng an, beopsiichtegt d’Gemengepersonal, applizéiert déi obligatoresch statutaresch Moossnamen a Saache Congé, Promotiounen an anerem. Um Enn ass et och de Schäfferot, deen, mam Accord vum Gemengerot, iwwert d’Planung an d’Ëmsetzung vu lokalen Aktivitéiten entscheet, déi d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer promouvéieren.

Zréck