Gemengerot

De Gemengerot setzt sech aus Memberen zesummen, déi direkt vun der lokaler Communautéit gewielt gi sinn. Hien agéiert als „Parlament um lokale Plang“, dat heescht, de Rot huet di generell Kompetenz an entscheet iwwert déi politesch Orientéierunge vun der Gemeng, déi vum Schäfferot mussen ëmgesat ginn. Ënnert anerem ass de Gemengerot responsabel fir d’Astelle vu Beamt-in-en, Employé-e-n a Salarié-e-n. Esou engagéiert sech de Gemengerot an der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer esouwuel um Niveau vum Gemengepersonal wéi um Niveau vun der Populatioun, wat di geleeschte Servicer ubelaangen.

Zréck