Gemengen-Administratioun, Kommunal Servicer

D’Gemengen-Administratioun assistéiert dem Schäfferot bei der Ëmsetzung vun den Decisiounen a Reglementer, déi vum Gemengerot gestëmmt gi sinn, souwéi vun de Moossnamen, déi vun de Gesetzer a vun de groussherzogleche Reglementer virgesi sinn. Si ass de Kontakt fir d’Bierger/inne fir d’Servicer, déi vun der Gemeng offréiert ginn (wéi z.B. Fräizäitaktivitéiten, Fleeg doheem, Ausstelle vun Identitéitskaarten, Entretien vun de Gemengestroossen, …). D’Gemengen-Administratioun setzt sech zesummen aus engem Sekretariat, esou wéi aus verschiddenen aneren administrativen Departementer an technesche Servicer (Biergerzenter, Finanzen, Forstverwaltung, Service fir d’Offallentsuergung, Entretien vun ëffentleche Plazen a Gebaier, Versuergung mat Drénkwaasser, …).

Zréck