Sports- a Kulturassociatiounen

Sports- a Kulturassociatiounen sinn d’Häerzstéck vun der Versammlung vun all Communautéit. Bei hire Membere bedeelegen sech d’Awunner/innen un Evenementer, deele gemeinsam Interessen an Talenter an erliewe Momenter vun Entspanung.

Well Sports- a Kulturassociatioune ëmmer enk mam Gemengepersonal a mat de politesche Responsabele verbonne sinn, fungéieren si als Multiplicateuren an der Promotioun vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, besonnesch och mat hiren Offeren, déi Meedercher a Jongen, Fraen a Männer begeeschtere kënnen. Des weidere kënnen Associatiounen och d’Wënsch vun hire Memberen un déi politesch Responsabel vermëttelen, an esou zu enger konstanter Verbesserung vun den Offeren an de Gemengen-Infrastrukture bäisteieren, déi elementar si fir d’Entwécklung vum Wuelbefanne vun der Communautéit.

Zréck