Partenairen

Partenaire spillen ëmmer eng wichteg Roll als Multiplicateuren vun de Messagen a Campagnen vum Ministère:

SYVICOL

De Syndikat vun de Lëtzebuerger Stied a Gemengen (SYVICOL) ass e laangjärege Partner vum Ministère. Hie representéiert net just d’Interesse vun de Stied an de Gemenge vis-à-vis vun den ëffentlechen Institutiounen, mä war och säit senger Grënnung sensibel fir d’Thema vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

Um internationalen Niveau ass de SYVICOL, wéi och déi national Syndikater vun de Stied an de Gemenge vun deenen aneren europäesche Länner, Member vum Rot vun de Gemengen a Regiounen aus Europa (CCRE), deen 2006 déi Europäesch Charta fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer am lokale Liewen erausbruecht huet, déi bis haut als fundamentale Guide fir d’Ëmsetzung vun enger aktiver Lokalpolitik fir d’Promotioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter um lokale Plang gëllt.

Am Allgemengen ënnerstëtzt de SYVICOL ëmmer d’Campagne vum Ministère, andeems hien d’Gemengen iwwert säin effikasse Reseau informéiert, an och seng aner Kommunikatiounskanäl zur Verfügung stellt, fir bei der Ëffentlechkeet e Maximum vu Visibilitéit z’erreechen.

REga

De Nationale Reseau vun de Chargé-e-n fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer (REga) regroupéiert all d’Gemengen-Agent/innen, déi an de Gläichstellungs-Servicer schaffen. Dank der gudder Zesummenaarbecht tëscht dem REga an dem Ministère kann dësen ëmmer gutt Beispiller deelen, dat heescht Moossnamen an Aktivitéite fir d’Promotioun vun der Gläichstellung vun de Geschlechter, mat all aner Gemeng, déi op der Sich ass no enger spezifescher Aktivitéit fir d’Egalitéit a senger Communautéit ze verbesseren. Genau wéi de SYVICOL ënnerstëtzt de REga och reegelméisseg d’Campagnë vum Ministère.

CNFL

De Nationale Fraerot vu Lëtzebuerg (CNFL) regruppéiert déi grouss Fraenassociatiounen aus dem Land. Hien ënnerstëtzt de Ministère an der Kollekte vun Donnéeën iwwert d’Representatioun vu Fraen a Männer an de Schäffen- a Gemengeréit, offréiert eng Initiatioun iwwert d’Thematik vun der Egalitéit vun de Geschlechter fir déi politesch Gläichstellungsdelegéiert an ënnerstëtzt am Prinzip all d’Campagnë vum Ministère. D’Kontakter vum CNFL an de Gemenge sinn e grousse Méiwäert, fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer um lokale Plang ze promouvéieren.

Zréck