Europäesch Charta

En effikasst Instrument fir déi prioritär Aktiounsberäicher an enger Gemeng z’identifizéieren ass déi europäesch Charta fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer um lokalen Niveau. Dës lëscht net just ganz detailléiert – a sengen 30 Artikelen – all d’Domainer op, an déi eng Gemeng direkt oder indirekt implizéiert ass, iwwert seng Entscheedungen, Aktivitéiten oder offréiert Servicer un d’Populatioun, mä proposéiert och konkret Piste fir eng Geschlechteregalitéit an allen Aktiounsberäicher vun enger Gemeng z’erreechen. Duerch d’Ënnerschreiwe vun der Charta iwwerhuelen déi lokal Acteuren e staarkt ëffentlecht Engagement fir de Prinzip vun der Egalitéit. Fir d’Ëmsetze vun hiren Engagementer z’assuréieren, stellt d’Gemeng en Aktiounsplang op, deen d’Prioritéiten, d’Aktiounen an déi néideg Ressource fir hir Realiséierung festleet.

Europäesch Charta Zréck