MEGA Plus Konventioun

Well d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer eng vun deene wichtegste Konditiounen ass fir e gutt Zesummeliewen z’assuréieren, huet de Ministère fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer (MEGA) a senge Reien eng Ekipp geschaf, déi sech exklusiv ëm d’Gemenge këmmert, andeems si se an hiren Demarche fir d’Promotioun vun der Egalitéit um lokale Plang ënnerstëtzt. Esou hëlleft de MEGA de Gemengen, fir déi Aktivitéiten ze fannen, déi am Beschte bei hir Situatioun passen. Andeems si eng oder méi „gutt“ Aktivitéiten eraussichen, déi sech schonns an anere Gemenge bewäert hunn, engagéieren sech di politesch Responsabel entweder fir e punktuellt, en erweidert oder en intensiivt Partenariat mat dem Ënnerschreiwe vun enger Konventioun mam Ministère. Dës Zesummenaarbecht op d’Mooss tëscht enger Gemeng ass laangfristeg geduecht, andeems all Joer nei prioritär Aktivitéiten erausgesicht ginn, wouduerch e Suivi vun der lokaler Politik fir d’Egalitéit garantéiert gëtt.

Zréck