Aktiounsplang fir d’Egalitéit

Eng aktiv Politik an der Promotioun fir d’Egalitéit tëscht de Geschlechter ze féiere geschitt am Prinzip duerch d’Opstellung vun engem lokale Plang fir d’Gläichstellung. Dëse leet di grouss Prioritéite vun der Gemeng fest, an engem präzise Kalenner, mat den Aktivitéiten, déi virgesi si fir d’Resultater z’erreechen, déi personell a finanziell Ressourcen, déi dofir néideg sinn, esou wéi d’Festleeë vun der Methodologie, déi fir d’Evaluatioun gebraucht gëtt. Generell weist den Inhalt vun engem Aktiounsplang fir d’Egalitéit déi lokal Prioritéiten op, déi am Virfeld iwwert Enquêten an Analyse bei der Populatioun a beim Gemengepersonal identifizéiert gi sinn, an Zesummenaarbecht mat de lokalen Associatiounen an anere Partenaire vun der Gemeng.

Zréck