Thematesch Internetsäit

Dank eiser nationaler Bestandsopnam iwwert déi kommunal Politike fir d’Egalitéit konnt de MEGA prezis Informatioune sammelen iwwert d’Wënsch an d’Besoine vun de Gemengen, wat d’Implementéierung vun der Promotioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op hirem Territoire ugeet. Doduerch konnt de MEGA en thematesche Site fir d’Egalitéit tëscht Fraen a Männer um lokale Plang schafen. Hei fanne gewielte Politiker/innen, Agent/inne vum Gemengepersonal a Bierger/ innen eng Panoplie vun Informatiounen iwwert d’Gläichstellung um lokale Plang. Eng interaktiv Kaart erlaabt et esouguer ze gesinn, wat déi eege Gemeng a Punkto Egalitéit realiséiert huet. Eng Sammlung vu gudde Beispiller proposéiert bewäert Aktivitéiten aus alle Kompetenzberäicher vun enger Gemeng.

Zréck