Klimawandel an d'Recht op eng gesond Ëmwelt

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Klimawandel an d'Recht op eng gesond Ëmwelt

D'Erhëtzung vun eisem Planéit, de Verloscht vu Biodiversitéit an d'Verschmotzung stellen all e sérieuxe Risiko fir di fundamental Mënscherechter duer. Déi beinhalten d'Recht op d'Liewen, op d'Gesondheet an op d'Famill. Et geet elo drëms fir d'Urecht op eng propper Ëmwelt als e fundamentalt Mënscherecht unzegesinn, wat d'Besoine vun de Fraen an de Meedercher mat abegräifts.

Ausgangsfroen

  • Wéi ass den Zoustand vun der Ëmwelt an der Gemeng a ronderem ?
  • Wat fir eng Konsequenzen entstinn dorauser fir di lokal Bevëlkerung ?
  • Wat fir een Impakt kann dorauser fir d'Fraen an d'Männer optrieden ?
  • Ass eent vun de Geschlechter dovunner méi betraff wéi dat anert ?

Gutt Beispiller

  • D'Bevëlkerung op de Kampf géint de Klimawandel sensibiliséieren
  • Bei der Stroossen- a Bauplanung och uecht ginn fir Infrastrukturen opzestellen, déi d'Natur schounen (Beem, gréng Zonen, Parken)
  • E Recycling-Center virgesinn an d'Bevëlkerung drop opmierksam maachen, si sollten hieren Offall sënneren
  • De Fuhrpark vun der Gemeng, souwäit méiglech, vu Gefierer mat Verbrennungsmotor op Gefierer ouni CO2-Ausstouss, ëmstellen
  • D'Frae mat abezéien an d'Decisiounsprozesser, wat d'Aktioune géint de Klimawandel ugeet

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn