Kultur, Sport a Fräizäit

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Kultur, Sport a Fräizäit

D'Gemeng suergt fir d'Abannen vum Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an de Beräicher vun der Kultur, dem Sport an der Fräizäit.

Ausgangsfroen

  • Wat sinn di eege, lokal Aktivitéiten an de Beräicher Kultur, Sport a Fräizäit?
  • Wat kéinten d'Erwaardunge vun der Lokal-Bevëlkerung an deene Beräicher sinn a wéi kann een domadder op se duergoen?

Gutt Beispiller

Eng Ëmfro iwwert d'Erwaardungen an d'Besoinen am Beräich Kultur, Sport a Fräizäit bei der lokaler Bevëlkerung maachen.

Encouragéiert d'Formatioun vu weiblechen Ekippen an deene verschiddene Sportsveräiner aus der Gemeng.

Envisagéiert d'Vergab vun zousätzleche Subsiden un Associatiounen a Clibb, déi sech fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer asetzen.

Maacht eng Analys iwwert d'Benotzung an d'Offer an den Infrastrukturen an de Sportsclibb, fir Couren op d'Mooss fir Fraen a jonk Meedercher kënnen z'organiséieren, ewéi zum Beispill beim Projet vun der Stad Esch "Intégration par le sport".


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn