Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)
Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
D'Rechter am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet
Di lokal a regional Autoritéite spillen eng crucial Roll bei der Ënnerstëtzung an der Garantie vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet vun hirer Bevëlkerung.
Ausgangsfroen
- Wat sinn di Haaptpunkte vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet, ënnert dem Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ?
- Wien ass dovunner am meescht betraff ?
- Wat kënnen di lokal Autoritéite maache fir d'Situatioun z'optimiséieren ?
Gutt Beispiller
- Coursen iwwert d'Sexualitéit an de Grondschoulen ubidden, dem Alter vun de Kanner ugepasst
- "Self Service" Këschten an den Toilette vun de Grondschoulen an de Gemengeninfrastrukturen, an deenen ee gratis Artikelen fir d'Menstruatiounshygiène zur Verfügung stellt
- Eng informativ Brochure opstellen fir d'Meedercher iwwert hir éischt Reegel opzeklären (cf. Bettembourg)
- Di jonk Meedercher op d'Tatsaach sensibiliséieren, dass d'Pëll an aner kontraceptiv Mëttelen gratis zur Verfügung stinn
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.