D'Rechter am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

D'Rechter am Beräich vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet

Di lokal a regional Autoritéite spillen eng crucial Roll bei der Ënnerstëtzung an der Garantie vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet vun hirer Bevëlkerung.

Ausgangsfroen

  • Wat sinn di Haaptpunkte vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet, ënnert dem Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ?
  • Wien ass dovunner am meescht betraff ?
  • Wat kënnen di lokal Autoritéite maache fir d'Situatioun z'optimiséieren ?

Gutt Beispiller

  • Coursen iwwert d'Sexualitéit an de Grondschoulen ubidden, dem Alter vun de Kanner ugepasst
  • "Self Service" Këschten an den Toilette vun de Grondschoulen an de Gemengeninfrastrukturen, an deenen ee gratis Artikelen fir d'Menstruatiounshygiène zur Verfügung stellt
  • Eng informativ Brochure opstellen fir d'Meedercher iwwert hir éischt Reegel opzeklären (cf. Bettembourg)
  • Di jonk Meedercher op d'Tatsaach sensibiliséieren, dass d'Pëll an aner kontraceptiv Mëttelen gratis zur Verfügung stinn

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn