Nohalteg Entwécklung

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Nohalteg Entwécklung

D'Gemeng befollégt eng Politik vun der nohalteger Entwécklung op hirem Territoire an intégréiert de Prinzip vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an hiren ekonomeschen, sozialen, kulturellen an ëmweltbezunnenen Aktivitéiten.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mer ënner "Nohalteg Entwécklung" am Kontext vun der Gemeng?
  • Wat kann dobäi den Impakt op di lokal Bevëlkerung sinn a wéi kann een dee moossen?

Gutt Beispiller

Ëmfroen organiséieren fir d'Prioritéite vun der Bevëlkerung a Saachen nohaltég Entwécklung gewuer ze ginn, opgeschlësselt op d'Geschlecht.

Indicateuren opstellen, déi et erlaben d'nohaltég Entwécklung ze moossen, opgeschlësselt op d'Geschlecht.

Ënnerstëtzt d’Bildung fir nohalteg Entwécklung, andeems Dir pedagogesch Ateliere fir Är Schülerinnen a Schüler aus der Grondschoul an der Maison Relais bucht. Dir fannt dës iwwert d’Plattform Bildung fir nohalteg Entwécklung, ënnerstëtzt vum Educatiounsministère.

Stellt Gemeinschaftsgäert zur Verfügung. Esou eng Initiative schléisst net nëmmen d’Leit zesummen, mä bréngt och Jonk an net esou Jonk d’Gaardenaarbecht méi no. Hei e Beispill vun esou engem Gaart an der Gemeng Suessem. Esou Gäert ginn et och an de Gemengen Beetebuerg, Diddeleng, Gréiwemaacher, Miersch, Nidderaanwen, Schëtter a Steesel.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn