D'Handhabung vu Krisen an d'Preparatioun vun der Zivilgesellschaft

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

D'Handhabung vu Krisen an d'Preparatioun vun der Zivilgesellschaft

Di rezent Entwécklungen hu gewisen, dass Krisen an hir Ursaachen ganz verschidden an ënnertenee verbonne sinn, an dass se dacks d'Fraen an d'Männer op eng ënnerschiddlech Aart a Weis betreffen. Dobäi fällt op, dass di lokal a regional Autoritéiten a Krisenzäiten eng Schlësselroll spille kënnen, andeems se d'Preferenze vun der Communautéit identifizéiere, souwéi d'Besoine vun de Fraen an de Männer, de Meedercher an de Jongen an all hirer Diversitéit.

Ausgangsfroen

  • Wat sinn d'Prozedure vun der Krisenhandhabung um Niveau vun der Gemeng ?
  • Ass dee mat der Handhabung beopdragte Comité esou opgesat, dass d'Prinzipie vun enger gudder Mixitéit tëscht de Geschlechter berücksichtegt gëtt ?
  • Huelen di Dispositioune fir d'Décisiounen an Noutsituatiounen ze huelen och den ënnerschiddlechen Impakt vun deenen Décisiounen op d'Fraen an d'Männer a Betruecht ?

Gutt Beispiller

  • D'Frae mat an d'Decisiounsprozesser iwwert d'Aktiounshandhabung a Krisenzäiten abannen
  • Den ënnerschiddleche Besoinen vun de Fraen a Männer, de Meedercher an de Jongen aus der Gemeng Rechnung droen
  • Vun der Proximitéit vun de politesche Vertrieder-innen an de Gemengen profitéieren fir adäquat an efficace op natierlech Katastrophen a Pandemien reagéieren ze kënnen
  • Op d'Geschlecht ventiléiert Statistiken opstellen, fir di spezifesch Situatioun vun de Fraen a Männer an der Gemengebevëlkerung besser ze kennen

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn