Intersektionnalitéit an Diversitéit

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Intersektionnalitéit an Diversitéit

D'Liewen an enger moderner Gesellschaft weist, dass di vun de Leit gelieften Identitéiten an Erfahrunge net just villfälteg sinn, mee och iwwerschneidend a komplex.

Ausgangsfroen

  • wat bedeit d'Intersektionnalitéit am Kader vun der Egalitéit an der Diversitéit ?
  • wéieen Impakt huet dat op d'Meedercher an d'Fraen op lokalem Plang ?
  • wéi kann ee sécherstellen, dass d'Rechter vun all Mënsch an der Gemeng beschtméiglech respektéiert ginn ?

Gutt Beispiller

  • Et geet an éischter Instanz drëms fir d'Meenungen an d'Erfahrunge vun deene Meedercher a Fraen mat a Betruecht ze huelen, déi am meeschten de verschiddenen a sech iwwerschneidende Forme vun Diskriminatiounen ausgesat sinn, beim Ausschaffen, dem Ëmsetzen an dem Suivi vun de politesche Mesuren an de Programmer, déi si betreffen.
  • di spezifesch Besoinen vun de Meedercher a Frae berücksichtegen, esou wéi se vum europäesche Recht geschützt sinn
  • hir Integratioun an Inklusioun z'ënnertstëtzen, andeems all Mesure geholl gëtt, déi d'Gemeng fir sënnvoll ëmpfënnt, wéi och d'actions positives, am Kader vun hirer gesetzlecher Zoustännegkeet
  • d'Hannerfroen vun de Geschlechterstereotyppen an de schouleschen Aktivitéiten fërderen
  • d'Ënnerstëtze vun enger grousser Panoplie vu verschiddene Modeller, aus diverse Milieuen stamend, souwuel an de Bicherkataloge wéi och anerem Material aus den ëffentleche Bibliothéiken, an an hire Promotiounsaktivitéiten.

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn