Ëffentlecht Engagement fir d’Gläichstellung

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Ëffentlecht Engagement fir d’Gläichstellung

D'Gemeng bekennt sech ëffentlech dozou, fir d'Prinzip vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer duerchzesetzen.

Ausgangsfroen

  • Op wéi eng Aart a Weis kann d'Gemeng hiren Engagement zugonschte vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer bekannt maachen?
  • Wéieng Méiglechkeete stinn der Gemeng zur Verfügung fir dëst Zil um politeschen Niveau, an de Kommissiounen, de Clubs an Associatiounen, sou wéi bei der lokaler Bevëlkerung, ëmzesetzen?

Gutt Beispiller

Eng Absichtserklärung zugonschte vun enger aktiver Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer am Schäfferot / Gemengerot unhuelen.

En Appell bei de Gewielte lancéieren, fir datt si sech duerch hir Akten an hir Aussoen, ëffentlech oder privat, zugonschte vun enger paritéitescher Representatioun vu Fraen a Männer engagéieren, genee wéi si géint all Schrëtt, Ried oder Behuele virginn, déi de Prinzip vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer net respektéieren.

„Weist d’Egalitéit“ (Affichons l’égalité): Feiert am Mäerz, am Kader vun dem internationale Fraendag, Fraen, déi sech duerch hir Aktivitéiten ausgezeechent hunn, andeems Dir enger gewësser Unzuel vu Stroossen, Plazen oder Citéë symbolesch hier Numm gitt. Dës symbolesch Aktioun wëll esouwuel déi politesch Responsabel an de Gemengen, esou wéi och d’Ëffentlechkeet sensibiliséieren duerch eng Visibilitéit vu verdéngte Fraen am ëffentleche Raum. Laangfristeg ass d’Zil vun dëser Aktioun, fir méi nei Stroossen, Gebaier an ëffentlech Plazen no Fraen ze benennen. 2022 hu 14 Gemengen un dëser Aktioun deel geholl, fir esou de Prozentsaz vu Stroossen, déi de Numm vun enger Fra droen, z’erhéijen, deen aktuell just bei 2,5% läit. Frot Iech de Pressecommuniqué vun der Aktioun „Affichons l’égalité 2022“, déi vum nationale Fraerot (CNFL) an Zesummenaarbecht mam SYVICOL organiséiert gëtt, andeems Dir eng E-mail schéckt un d'Ekipp "Gläichstellung an de Gemengen".

Dofir suergen, dass den Terme Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op eng transversal Manéier a sämtlech Domainer vun der kommunaler Politik integréiert gëtt, beispillsweis duerch eng reegelméisseg Presenz vun engem Member aus der consultativer Kommissioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer a sämtlechen anere consultative Kommissiounen, an/oder duerch eng reegelméisseg Zesummenaarbecht vun de Gemengeservicer mam Service fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

E "Verhalenskodex" zugonschte vun der Gläichbehandlung an der Net-Diskriminéierung um politesche Plang an an der Gemengeverwaltung opstellen.

Dësen "Verhalenskodex" iwwert de Gemengebuet, den Internet-Site oder déi sozial Netzwierker vun der Gemeng bekannt maachen.

Eng feierlech Zeremonie organiséiere fir d’Ënnerschreiwe vun der europäescher Charta fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer am lokale Liewen.

D’AwunnerInnen iwwert d’Verabschide vun der europäescher Charta am Gemengerot informéieren (iwwert de Gemengebuet, den Internetsite, d’Press, …).

De Schäfferot chargéieren, fir de Suivi vun der Ëmsetzung vun der europäescher Charta an dem lokalen Aktiounsplang fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer ze maachen, bei Bedarf mat der Ënnerstëtzung vun der/dem Delegéierter/-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, vum Service oder vun der consultativer Kommissioun fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer.

E Kalenner festleeën, a reegelméisseg d’Fortschrëtter verëffentlechen, déi realiséiert goufen, fir d’Ziler vun der europäescher Charta z’erreechen.

Eng MEGAPLUS-Conventioun mam Ministère fir d'Gläichstellung tëscht de Fraen an de Männer ënnerschreiwen Beispill: Video vun der Signature vun der Conventioun an der Gemeng Nidderaanwen am Oktober 2022


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn