Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
Sozial Inclusioun
D'Gemeng beviirdeelegt d'Inclusioun vu sozial marginaliséierte Leit an erkennt, dass d'Besoinen vu Fraen a Männer kënnen ënnerschiddlech sinn.
Ausgangsfroen
- Wéi mëcht een eng Bestandsopnahm vun de Fraen a Männer déi engem Aarmutsrisiko oder sozialer Exclusioun ausgesat sinn?
- Wéi geet een op se duer, andeems een hir spezifesch Besoinen mat a Betruecht hëllt?
- Wéi eng Partner hëllt ee mat u Bord ?
Gutt Beispiller
Integratiouns-Aktivitéiten fir Fraen a Männer mat Migratiouns-Hannergrond fuerderen andeems eenhir spezifesch Besoinen je no Geschlecht mat abezitt.
Sensibiliséirungs-Campagnen bei der lokaler Bevëlkerung organiséieren oder sech deenen, déi et scho gëtt, uschléissen, andeems een den Gender-Aspekt mat abënnt.
Riicht e « Biergerhaus » an, esou wéi dëst d‘Stad Mamer realiséiert huet.
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.