Sozial Inclusioun

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Sozial Inclusioun

D'Gemeng beviirdeelegt d'Inclusioun vu sozial marginaliséierte Leit an erkennt, dass d'Besoinen vu Fraen a Männer kënnen ënnerschiddlech sinn.

Ausgangsfroen

  • Wéi mëcht een eng Bestandsopnahm vun de Fraen a Männer déi engem Aarmutsrisiko oder sozialer Exclusioun ausgesat sinn?
  • Wéi geet een op se duer, andeems een hir spezifesch Besoinen mat a Betruecht hëllt?
  • Wéi eng Partner hëllt ee mat u Bord ?

Gutt Beispiller

Integratiouns-Aktivitéiten fir Fraen a Männer mat Migratiouns-Hannergrond fuerderen andeems eenhir spezifesch Besoinen je no Geschlecht mat abezitt.

Sensibiliséirungs-Campagnen bei der lokaler Bevëlkerung organiséieren oder sech deenen, déi et scho gëtt, uschléissen, andeems een den Gender-Aspekt mat abënnt.

Riicht e « Biergerhaus » an, esou wéi dëst d‘Stad Mamer realiséiert huet.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn