Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)
Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten
Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.
Digitalisatioun an digital Inklusioun
D'digital Technologie bidd vill Méiglechkeete fir d'Servisser vun de lokalen a regionale Collectivitéiten z'entwécklen an ze verbesseren.
Ausgangsfroen
- wat fir Virdeeler kann een duerch d'Digitalisatioun an d'Aarbechtsofleef bréngen?
- ginn et Ënnerscheeder am Geschlecht am Hibléck op den Accès zu de modernen Technologien?
- wéi kann ech den Asaz vun de modernen Technologien fir jidwereen garantéieren?
Gutt Beispiller
- D'Meedercher an de Schoulen encouragéieren fir sech fir d'STEM-Fächer z'interesséieren
- D'Schüler-innen op d'Risiken an d'Gefore vun der digitaler Welt sensibiliséieren
- Dem MEGA séng Ateliersen iwwert d'Computeren an di sozial Netzwierker an der Fundamentalschoul ubidden
- Owescoursen fir d'Awunner-innen iwwert d'Familiarisatioun mat de modernen Technologien ubidden (Internetführerschäin, Handy-Notzung)
Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?
Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.