Digitalisatioun an digital Inklusioun

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Digitalisatioun an digital Inklusioun

D'digital Technologie bidd vill Méiglechkeete fir d'Servisser vun de lokalen a regionale Collectivitéiten z'entwécklen an ze verbesseren.

Ausgangsfroen

  • wat fir Virdeeler kann een duerch d'Digitalisatioun an d'Aarbechtsofleef bréngen?
  • ginn et Ënnerscheeder am Geschlecht am Hibléck op den Accès zu de modernen Technologien?
  • wéi kann ech den Asaz vun de modernen Technologien fir jidwereen garantéieren?

Gutt Beispiller

  • D'Meedercher an de Schoulen encouragéieren fir sech fir d'STEM-Fächer z'interesséieren
  • D'Schüler-innen op d'Risiken an d'Gefore vun der digitaler Welt sensibiliséieren
  • Dem MEGA séng Ateliersen iwwert d'Computeren an di sozial Netzwierker an der Fundamentalschoul ubidden
  • Owescoursen fir d'Awunner-innen iwwert d'Familiarisatioun mat de modernen Technologien ubidden (Internetführerschäin, Handy-Notzung)

Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn