Planungspolitik

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Planungspolitik

D'Gemeng integréiert d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer a séng Planungspolitik.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mer ënner "Planungspolitik" am Kader vun de Gemengen?
  • Wat kann den Impakt op d'Geschlecht sinn a wéi kënne mer dat moossen?

Gutt Beispiller

Integréiert den Gender Mainstreaming an den Amenagement vun ëffentleche Plazen a Parken an Ärer Gemeng. Zu dësem Thema gëtt et e praktesche Guide a Beispiller vun der éisträichescher Stad Wien.

Eng Bestandsopnahm vun den ëffentleche Plazen a Gebailechkeete maan an hire Gebrauch duerch Alters-, Geschlechts- an Nationalitéitsgruppe feststellen.

Presentiel oder virtuell Atelieren maachen fir den Austausch vun Iddien zum Gebrauch oder dem Nei-Gebrauch vun enger Gemengeplaz, zu der Notzung oder Neibenotzung vun enger Gemenge-Gebailechkeet.

Beim Plange vu Spillplazen déi spezifesch Besoinen vu Meedercher a Jongen iwwer Ëmfroen eranhuelen an dobäi den Alter vun de Kanner berücksichtegen.


Zu Stroossen huet de Projet "rues au féminin" och nohaltég Bestand. Méi a méi Stroosse ginn no berühmte Frae benannt. D'Gemeng huet biographesch Notizen zu all Fra verëffentlecht déi bis ewell um Territoire eng Strooss no sech benannt kruut.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn