Politesch Vertriedung

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Politesch Vertriedung

D'Gemeng verflicht sech, all appropriéiert Mesuren ze huelen fir aktiv eng ausgeglache Vertriedung vu Fraen a Männer op de politeschen Decisiounsposten z'ënnerstëtzen an ze verdeedegen.

Ausgangsfroen

  • Wat versti mir ënnert enger "ausgeglachener politescher Vertriedung" am Kontext vun der Gemeng?
  • Wéi kann een dëst Zil um politesche Plang an um Niveau vun der berodende Commissiounen an de Gemengen, ëmsetzen?

Gutt Beispiller

Als Gemeng deelhuelen un der Medie-Campagne vum Ministère fir d'Gläichstellung vun de Fraen an de Männer, während de Gemengewahlen.

Op d'Verdeelung vun de Geschlechter uecht ginn bei der Nennung vun de Vertriederinnen a Vertrieder vum Gemengerot bannent de verschiddene Sozial-Institutiounen (Office social, Seniorenheemer...).

Op di ausgeglache Vertriedung vu Fraen a Männer uecht ginn an de Kommissiounen, di vum Gesetz hier virgesi sinn (Loyerskommissioun, Bildungskommissioun, Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen).

D'Schafe vun enger Gläichstellungscommissioun ënnerstëtzen, am Hibléck op di ausgeglache Vertriedung vun deene zwee Geschlechter.

Organiséiert virun de Gemengewalen Informatiounsversammlungen iwwert de Fonctionnement vun de lokalen Decisiounsstrukture fir d’Biergerinnen, an/oder invitéiert si, fir bei enger Sëtzung vum Gemengerot dobäi ze sinn.

Verdeelt Informatiounsdeplianten iwwert de Fonctionnement vun de lokalen Decisiounsstrukturen an de politeschen Ämter, dëst fir d’Biergerinnen z’encouragéieren, sich fir als Kandidatinnen opzestellen.

Realiséiert eng Enquête an Ärer Gemeng, fir d’Grënn vu Retizenz bei de Frae festzestellen, déi si drun hënneren, sich an der Gemengepolitik z’engagéieren.

An de Gemengen, wou nom Majorz-Prinzip gewielt gëtt, encouragéiert d’politesch Parteien, fir sech Ziler a Saache Gläichstellung tëscht Fraen a Männer op hire Kandidatelëschten ze ginn.

Stellt e „Mentoring“-System op d’Been: bréngt gewielte Kandidatinnen a Kontakt mat Kandidatinnen, fir dass dës besser informéiert ginn iwwert d’Techniken an d’Praxis vum ëffentleche Liewen. Féiert si an déi politesch Aufgaben an.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt


All d'Ziler gesinn