Soinen a Sozialdéngschter

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Soinen a Sozialdéngschter

Am Interessi vun der sozialer Kohäsioun vun hirer Bevëlkerung verflicht d'Gemeng sech, hire Biergerinnen a Bierger qualitativ héichwertég Sozialdéngschter unzebidden.

Ausgangsfroen

  • Wat fir eng Sozialdéngschter kann d'Gemeng ubidden?
  • Wat fir eng Partner kommen duerfier a Fro?
  • Wéi kann een d'Besoinen vun der Bevëlkerung am Hibléck op di zwee Geschlechter analyséieren, fir d'Offer vun deene Servicer z'optimiséieren?

Gutt Beispiller

Am Domaine vun de Servicer an der Hëllef doheem kann d'Gemeng secherstellen fir d'Demande an di spezifesch Besoinen vun den eelere Leit déi op hirem Territoire wunnen, je no Geschlecht, ofzefroen.

Dofier suergen, dass den Gender-Aspekt an alle Formatiounen iwwert d'Sozialisatioun vun den eelere Leit, déi um Territoire vun der Gemeng stattfannen, berücksichtegt gëtt.


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn