Zesummenaarbecht mat Partner fir d’Promotioun vun der Gläichstellung

Praktesche Guide fir unzefänken (Starter-Kit)

Wëllt Dir e Projet am Beräich vun der Gläichstellungspolitik tëscht Fraen a Männer ufänken ?

Guide fir unzefänken
De Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten

Tauscht Iech mat anere Gemengen aus a gitt Member vum Réseau vun de Gläichstellungsdelegéierten.

De Réseau
Gemenge-Präis

Mir belounen Är Efforten: De Gemenge-Präis fir di beschte Beispiller.

D'Laureaten

Zesummenaarbecht mat Partner fir d’Promotioun vun der Gläichstellung

D'Gemeng versicht aktiv d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer z'ënnerstëtzen andeems se mat externe Partner vum ëffentlechen oder private Secteur, oder mat Partner aus der Zivilgesellschafft zesummeschafft.

Ausgangsfroen

  • Op wéieng Aart a Weis kann eng Gemeng hiren Aktiounsradius, iwwert di lokalpolitesch Strukturen eraus, erweideren?
  • Wéieng Partner kéimen a Fro fir den Handlungsberäich vun der Lokalpolitik a Saache Gläichstellung z'erweideren?

Gutt Beispiller

Clibb, Associatiounen an Organisatiounen, déi um kommunalen Niveau aktiv sinn, fir d’Thema vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer sensibiliséieren, an si iwwert déi verfollegt Politik vun der Gemeng informéieren.

Clibb encouragéieren, fir weiblech Ekippen ze schafen.

En informelle Sportprogramm (ausserhalb vun de Clibb an Associatiounen) fir d’Biergerinnen an d’Liewe ruffen.

Iwwert d’Accordéiere vun zousätzleche Subsiden nodenken, déi Clibb an Associatiounen zegutt kommen, déi sech fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer staark maachen.

D’Gemengepersonal (Administratioun, technesch Servicer, Schoulen, Maisons relais, Crèchen, …) an déi kommunal Politik fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer mat abezéien.

Den Aspekt vun der Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an d’Verhandlunge mat de Gewerkschaften a Personaldelegatiounen integréieren (Kollektivverträg, …). An dësem Fall och den oder d’Delegéiert-en fir d’Gläichstellung tëscht Fraen a Männer an all d’Pläng mat abezéien, déi d’Gläichstellung promouvéieren.

Vun der Partenariats-Konventioun vun eisem Ministère profitéieren, déi d’Gläichstellungspolitik um lokale Plang ënnerstëtzt (ab 2022).


Sidd Dir, als Gemeng, gewëllt méi gewuer ze ginn?

Da fëllt dese Formulaire aus a mir kommen, sou séier et méiglech ass, op Iech zréck.

Kontakt

All d'Ziler gesinn